Kanton Réiden Environnement
Strom teilen – eine neue Möglichkeit für Photovoltaikbesitzer
14/08/2026
Dank hirem laangjäregen a konsequenten Engagement am Kader vum Klimapakt 2.0 hunn déi zwou Gemenge beim leschten Audit am Summer 2025 allen zwou e Resultat vun 82 % erreecht.
Béid Gemengen hu vill Klimaschutz-Moossnamen an der Verwaltung ëmgesat, awer och an der Ënnerstëtzung vun hiren Awunner, besonnesch am Beräich vun den erneierbaren Energien, der Energieeffizienz duerch d’Sanéierung vu Gebaier, dem Waasserspueren, der Kreeslafwirtschaft souwéi bei Moossname fir sech un de Klimawandel unzepassen.
Dës laangjäreg Aarbecht gouf op internationalem Niveau bei der Präis-Iwwerreechung zu Saas-Fee an der Schwäiz belount.
Déi lëtzebuergesch Delegatioun war staark vertrueden, well insgesamt 15 Gemenge vun eisem Land d’Rees op sech geholl haten, fir dës wäertvoll Auszeechnung entgéintzehuelen.
Mir felicitéieren de Gemenge Biekerech an Ell fir hir virbildlech Aarbecht am Sënn vun enger liewenswäerter Welt fir déi zukünfteg Generatiounen!
Kanton Réiden Environnement
14/08/2026
Commune de Beckerich
12/08/2026
Äerdschëff
10/08/2026
Pacte climat
27/05/2026
Natur & Ëmwelt
26/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026