Kanton Réiden Environnement

Isolatioun vun der Fassad – Wéi kann et geléngen?

Veröffentlicht: 29/12/2025 - 10:14
Aktualisiert: 29/12/2025 - 10:52
4 Minuten
Foto: ChatGPT

Dacks geet et an der Energieberodung ëm d’Isolatioun vun der Fassad bei engem besteeënden Haus. Eisen Energieberoder gëtt hei Ried an Äntwert op déi heefegst Froen.

Ech hunn en aalt Haus mat ganz décke Maueren. Brauch ech trotzdeem eng Isolatioun?

Jo, och bei décke Mauere vun engem Albau ass eng Isolatioun oder Dämmung sënnvoll. Sandsteen, Schifer, Zillen oder änlech Materialie leeden d’Hëtzt gutt weider, dofir kënne souguer ganz déck Maueren nach ëmmer grouss Hëtztverloschter verursaachen. Isolatiounsmaterialien dogéint leeden nëmme ganz wéineg Hëtzt weider an halen d’Hëtzt domat am Raum.

Wéi kann ech d’Baussemauer isoléieren, a wéi eng Materialie sinn ubruecht?

Meeschtens ass eng Dämmung vu baussen, also op der Fassadesäit am efficacesten. Fir de Bestand eegne sech diffusiounsoppe Materialie wéi Holzfaserplacken oder Steewoll, well se d’Hëtzt am Haus halen a gläichzäiteg d’Fiichtegkeet erausloossen. Styropor ass dogéint net ubruecht, well deen d’Mauer versigelt a Schimmel begënschtege kann.
Als Uewerbotz gëtt Kallek recommandéiert, deen diffusiounsoppen ass, d’Fiichtegkeet reguléiert a géint Algebildung wierkt.
Ass eng Isolatioun vun der Baussesäit net méiglech, ka sech och eng Bannenisolatioun mat diffusiounsoppene Materialie wéi Holzfaserplacke, kombinéiert mat Leem- oder Kallekbotz, als sënnvoll Alternativ ubidden.

Foto: ChatGPT

Wéini ass eng Bannenisolatioun ubruecht?

Eng Bannenisolatioun ass eng gutt Léisung, wann eng Baussenisolatioun net méiglech ass. Se verréngert d‘Hëtztverloschter a mécht d’Raim méi komfortabel.
De Risiko vu Fiichtegkeet oder Schimmel besteet nëmmen dann, wann onpassend Materialien agesat ginn. Mat diffusiounsoppenen Dämmmaterialie wéi Holzfaserplacken, kombinéiert mat Leem- oder Kallekbotz, kann d’Mauer weider ootmen, d’Fiichtegkeet kann entwëschen an d’Isolatioun ass sécher an efficace.
Eng Bannenisolatioun ass manner effizient wéi eng Baussenisolatioun, well déi grouss Mass vun der Mauer nach ëmmer der Keelt ausgesat bleift an d‘Isolatioun net ëmmer vollflächech ubruecht ka ginn, wouduerch Wärmebrécken entstinn. Zousätzlech gëtt se oft méi dënn ausgefouert, fir Kondensatioun am Material ze vermeiden.

Firwat Leem- oder Kallekbotz fir d‘Bannenisolatioun a Kallekbotz fir baussen?

Leem- a Kallekbotz sinn diffusiounsoppen, loossen d’Fiichtegkeet entwëschen, verhënnere Kondensatioun a Schimmel a verbesseren d’Raumklima. Leem späichert zousätzlech Wiermt, Kallek wierkt antibakteriell.
Kallekbotz bausse schützt d’Isolatioun an d’Mauer géint Reen, Fiichtegkeet an Algebefall, bleift diffusiounsoppen a laanglieweg.
Gips, Latexfaarwen oder Tapéite versigelen d’Mauer, blockéieren den Austausch vu Fiichtegkeet a kënne Schimmelbildung begënschtegen.

Foto: ChatGPT

Firwat keng Isolatiounsmaterialien aus fossille Quellen am Albau?

Fossil Dämmmaterialie wéi Styropor oder Polyurethan versigelen d’Mauer, verhënneren den Austausch vu Fiichtegkeet a kënnen esou Schimmel oder Bauschied verursaachen.
Méi sënnvoll: Natierlech, diffusiounsoppe Materialie wéi Holzfaser oder Steewoll, kombinéiert mat engem Botz bannen aus Leem/Kallek an engem Baussebotz aus Kallek, loossen d’Mauer ootmen, reguléieren d’Fiichtegkeet a schützen d’Bausubstanz.

Kann ech bei der Dämmung vu menger Baussemauer vu Subside profitéieren?

Jo, zu Lëtzebuerg ginn et verschidde Subside:

  • Klimabonus (staatlech):

    Ier d’Aarbechte starten, muss en Energieberoder oder Betrib, deen duerch d’Klima-Agence zertifizéiert ass, agebonne ginn. Dëse mécht d’Demande fir de Klimabonus a begleet Iech wärend dem Projet. Dës Virgoensweis ass obligatoresch, fir de Subsid ze kréien. D’Leeschtung vum Energieberoder gëtt och matgefërdert. Zousätzlech musse sämtlech Mindestufuerderunge fir d’Dämmung erfëllt ginn, déi op MyGuichet opgelëscht sinn. 

  • Gemengesubsiden: 

    Déi kommunal Hëllef ass un de Klimabonus gekoppelt. Se ka réischt nom Erhalt vun der staatlecher Subsidbestätegung ugefrot ginn.
    Subsiden am Kanton Réiden:

  • ENOPRIMES:

    Fir dës Subventioun musst Dir mat engem ENOPRIMES-zertifizéierte Betrib zesummeschaffen, deen d‘Demande fir Iech iwwerhëlt.

Eng éischt gratis Berodung, bei där Iech déi weider Schrëtt, Konditiounen a Méiglechkeeten zur Isolatioun vun Ärem Baudeel erkläert ginn, kënnt Dir beim Service Environnement vum Kanton Réiden kréien. Dëse Service steet allen Awunner:innen aus dem Kanton Réiden gratis zur Verfügung.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Umwelt

Aktuelle Nachrichten