Kanton Réiden Environnement
Strom teilen – eine neue Möglichkeit für Photovoltaikbesitzer
14/08/2026
D’Gemenge Bieckerech an Ell goufen de Freideg, den 7. November 2025, fir hir Efforte géint de Klimawiessel ausgezeechent!
Dank hirem kontinuéierlechen Asaz iwwer vill Joren am Kader vum Klimapakt 2.0 hunn déi zwou Gemengen jeeweils 82% beim Zertifizéierungs-Audit 2025 erreecht.
D’Gemengen engagéieren sech net nëmmen an hirer Verwaltung, mee ënnerstëtzen och hir Awunner beim Ausbau vun erneierbaren Energien, bei der Energieeffizienz duerch d’Sanéierung vu Gebaier, beim Waasserspueren, an der Zirkulärwirtschaft an och bei Moossnamen zur Upassung un de Klimawiessel.
Dëst laangjäregt Engagement gouf op internationalem Niveau belount, bei der Zeremonie vun der Präissiwwerreechung zu Saas Fee an der Schwäiz.
D’Lëtzebuerger Delegatioun war staark vertrueden: am Ganzen si 15 Gemengen aus eisem Land de Wee op Saas Fee gereest, fir dëse Präis entgéintzehuelen.
Mir felicitéieren de Gemenge fir hir beispillhaft Aarbecht, fir de künftege Generatioune eng liewenswäert Welt ze bidden!
Kanton Réiden Environnement
14/08/2026
Commune de Beckerich
12/08/2026
Äerdschëff
10/08/2026
Pacte climat
27/05/2026
Natur & Ëmwelt
26/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026