Club Atertdall
De Club Aterdall presentéiert seng Wander-Offer
16/10/2025
 D‘Margot Coljon war 50 Joer laang Wiertsfra zu Ell am Café des Sports, wou och vill Veräiner an- an ausgaange sinn. Mir kucke mat hir zréck op hiert laangt Liewen.
Ech sinn den 2. September 1935 zu Ell gebuer. Mäi Gebuertsdag um Pabeier ass awer den 1. September, well et deemools falsch opgeschriwwe gouf an ni méi verbessert ginn ass.
Ech war Eenzelkand. Meng Mamm war vu Grendel, mäi Papp vun Ell. Heen hat seng Schräinerei bei eis am Haus an der Nojenerstrooss zu Ell. Ech war bis an d‘7. Schouljoer zu Ell; et gouf nëmmen ee Schoulmeeschter fir déi 8 Klassen. Duerno sinn ech op Atert (B) an d’Pensionat gaang, fir Franséisch ze léieren.
Am Wanter si mir d’Nojenerstrooss mam Schlitt erofgejauft. Eng Kéier souze mir zu 4 drop, an op eemol sinn déi 2 viischt ofgesprongen. Du réischt hunn ech gesinn, dass dem Téid säi Mëllechcamion matzen um Wee stoung. Meng Frëndin an ech hunn eis séier gebéckt a si mam Schlitt ënnert dem Camion erduerch geflitzt. Dat war Chance!! Eng Fra, déi eis gesinn huet, war duerno 8 Deeg krank!
 Mat 17 Joer sinn ech op Bréissel an den Déngscht gaang an hu bei verschiddene Familljen de Stot gemaacht. Et huet mir gutt do gefall, déi Zäit goufen et vill Lëtzebuerger zu Bréissel a mir sinn donneschdes a sonndes ëmmer danze gaangen. D’Aarbecht gouf gutt bezuelt, besser wéi zu Lëtzebuerg, ech hunn 3000 Frang de Mount verdéngt.
Mir hunn eis op engem Bal zu Bréissel kenne geléiert an hunn eis 1957 ouni vill Gedeessems do bestuet. Wéi mäi Mann, den Henri (Garlemant), 1958 eng Aarbecht bei der ARBED fonnt huet, si mir zréck op Ell bei meng Eltere geplënnert. Déi Joren duerno krut ech meng 2 Bouwen.
Well mäi Papp a mäi Mann net gutt eens gi sinn, hu mir zougesot wéi de Café des Sports mam Wunnhaus uewendriwwer fräi gouf. Deemools hat dat Gebai nach der Mousel-Brauerei gehéiert. Mäi Mann ass weider op Déifferdeng schaffe gaangen an ech hunn 1975 de Café iwwerholl.
 Ech hunn alt bei menge Grousselteren am Café zu Grendel ausgehollef, esou hunn ech kee Wierts-Exame méi bréichten ze maachen. Ech sinn e Mënsch, dee ganz gär ënner Leit ass. Meng Jongen hu vill mat mir gestridden, fir dass ech am Alter vun 90 Joer mam Café soll ophalen!
Wéi de Fussballveräin SC Ell 2012 an der Coupe de Luxembourg géint Rouspert gewonnen hat an iwwer 200 Leit am Café waren, do gouf et keen Hannerzeg a kee Vijenzeg méi!  
 
 Viru ronn 25 Joer, krut ech eng gréisser Somm Sue geklaut. Deemools sinn d’Depositaire léiwer mat Boergeld bezuelt ginn, dowéinst hat ech esou vill Suen am Haus. Weeder eisen Hond, nach ee vun den 20 Clienten huet d’Abriecher bemierkt.
Einfach ëmmer zefridde si mat deem wat een huet a sech net ze vill opreegen! Wann ee mol streit, ass dat Bescht et séier ze vergiessen.
 Ech si frou, wann ech Leit ronderëm mech hunn, hei am Altersheem maachen ech d’Spiller och ëmmer all mat.
Sicht Iech e Beruff, deen Iech gefält a schafft gär!
Jo, si komme mech bal all nach reegelméisseg an de Kropemannscafé hei am Altersheem besichen. Da ginn ech all Neiegkeete vun Ell gewuer a mir spille Rummikub oder Belote.
Mir soen dem Margot e ganz grousse Merci, dass si hier Erënnerunge mat eis gedeelt huet a wënschen hir eng flott Zäit am HPPA vu Réiden.
 
 Club Atertdall
16/10/2025
HPPA Réiden
25/09/2025
Club Atertdall
03/09/2025
Club Atertdall
08/07/2025
Erënnerungen aus dem Liewen
30/06/2025
Club Atertdall
22/01/2025
Kanton Réiden
27/10/2025
Kanton Réiden
03/11/2025
Commune d'Useldange
31/10/2025
Foyer de Jour A Butzen
29/10/2025
Chrëschtdag Agenda
28/10/2025
Kultur-Agenda
28/10/2025