HPPA Réiden

Interview mam Dany Oestreicher, Direkter vum HPPA Réiden

Veröffentlicht: 25/09/2025 - 12:35
Aktualisiert: 02/10/2025 - 13:10
5 Minuten
Foto: HPPA Redange

Zu Réiden befënnt sech déi eenzeg Wunnstruktur fir eeler Leit aus eisem Kanton. Dës gehéiert der asbl Homes pour Personnes Âgées (HPPA), déi hiren Ursprong an der Congrégatioun vun de Franziskanerinnen der Barmherzigkeit aus Lëtzebuerg huet. HPPA bedreift 6, geschwënn 7, Wunnstrukturen am ganze Land. Den Dany Oestreicher huet 2021 d’Leedung vum HPPA Réiden iwwerholl.

Här Oestreicher, kënnt Dir Iech kuerz virstellen?

Ech hu 35 Joer, sinn zu Bettenduerf opgewuess a wunnen haut mat menger Fra a menger 3-järeger Duechter am Zentrum vum Land. Wärend der Hotelsschoul zu Dikrech hunn ech e Stage am HPPA Réiden an der Kiche gemaach an de Kontakt zur Ekipp ëmmer bäibehalen.  No Dikrech sinn ech op Bréissel Hospitality and Tourism Management studéiere gaangen.

Zanter wéini sidd Dir hei Direkter?  

2019 hunn ech hei als Responsabel vun der Hotellerie ugefaang. 2021 hunn ech d’Direktioun vum Haus iwwerholl, nodeems de Christian Ensch an d’Generaldirektioun vun HPPA gewiesselt huet.

Wat huet Iech bei dëser Missioun ugesprach?

Fir mech ass et eng flott Erausfuerderung, d’Haus mat senger staarker Ekipp, déi mir déi néideg Sécherheet gëtt, an déi nächst Joren ze féieren.  

Foto: HPPA Redange

Prioritéiten & Waardelëscht

 

Fir ween ass den HPPA Réiden geduecht?  

D’Gemengen aus dem Kanton hu sech un den Investitiounskäschte bedeelegt an iwwert eng Konventioun hunn d’Awunner aus dem Réidener Kanton Virrang. Zweet Prioritéit hunn déi Leit, déi e Kand am Réidener Kanton wunnen hunn. Als drëtt kommen all aner Persounen. De Mindestalter ass 65 Joer. Fir eligibel ze sinn, muss Dir op der Waardelëscht ageschriwwe sinn.  

Fir wat ass et wichteg, dass ee sech méiglechst fréi op der Waardelëscht aschreift?

D’Prioritéit gëtt nom Aschreiwungsdatum verginn, wat e méi laang drop ass, wat ee méi eng héich Prioritéit huet. Eng Aschreiwung obligéiert awer net, tatsächlech an d’Haus ran ze kommen, wann een deen nächsten op der Lëscht ass. Eng Aschreiwung bei eis am Haus zu Réiden bezitt sech nëmmen op eist Haus, mir hu bei HPPA keng zentral Waardelëscht. Schreift Iech also gäre preventiv an, de Formulaire fannt Dir op hppa.lu oder mellt Iech bei eis an der Rezeptioun fir de Formular ze kréien.  

Eis Waardelëscht an d’Admissiounen sou wéi d’Gestioun vun der Zëmmerverdeelung gëtt vun enger Commission de surveillance kontrolléiert, hir Membere gi vum Syndikat Kanton Réiden nominéiert.  

Wéi grouss ass d’Waardelëscht? 

Dat hänkt vun der Gemeng of, well all Gemeng eng bestëmmten Unzuel u Kummeren zousteet. 

Foto: HPPA Redange

Wäerter & Alldag

 

Wat zeechent Äert Haus aus?

Gruppieren 4, Objet groupéDe Mënsch steet bei eis am Mëttelpunkt. Mir schafen een Doheem, wou de Bewunner sech gebuerge fillt a mir passen eis senger Routine un, net ëmgedréit. Wann zum Doheem och en Hausdéier gehéiert, däerf dat mat anzéien. Besuchszäiten hu mir keng – Gäscht sinn ëmmer wëllkomm. Eis Wäerter baséieren um Leitbild vun de Franziskanerinnen a mir schaffen nom psychobiografesche Fleegemodell vum Prof. Böhm.

Wéi gesäit den Alldag an Ärem Haus aus?

Mir hunn e puer fix Punkten am Dag: de Kaffisdësch mueres tëscht 8 an 10 Auer, d’Mëttegiessen um 12 an d’Nuechtiesse vun 18 Auer un.

All Dag ginn op d’mannst zwou Aktivitéiten ugebueden, fir méi a manner fit Bewunner. Reegelméisseg gi mir op Ausflich, an eemol d’Joer geet et an d’Vakanz mat eise Bewunner an och mat Rollstullfuerer.

Dënschdes Owes ass eise familiäre Bistro „Kropemann“ vun 19 bis 21 Auer op, wou och Gäscht vu baussen häerzlech wëllkomm sinn. Mir hunn och en HPPA Chouer, deen all Joer e Concert gëtt. Mir kréie reegelméisseg Besuch vu Crèchen, Schoulen a Veräiner.  

Foto: HPPA Redange

Struktur & Personal

 

Wéi setzt sech Är Ekipp zesummen?  

De Moment hu mir 126 Mataarbechter, vun deenen iwwer d’Hallschecht am Réidener Kanton wunnt. Mir beschäftegen eist eegent Personal fir d’Kichen, d’Botzen an handwierklech Aarbechten. De gréissten Deel schafft an der Fleeg an an der Betreiung vun eise Bewunner (ongeféier d’Hallschent vun de Mataarbechter), d‘Hotellerie beschäftegt ronn 40 Persounen, déi aner deele sech op Administratioun an Handwierk op.  

Wat sinn Är Erausfuerderungen?  

Wéi am ganze Land an iwwerall am Fleegesecteur, hu mir mam Fachkräftemangel ze kämpfen. Fir deem entgéintzewierken, bilde mir och selwer aus an ënnerstëtze Weiderbildunge genau sou wéi Quereinsteiger a Leit déi eng Formatioun en cours d’emploi bei eis maachen.  Mir siche permanent Mataarbechter an all Beräich.

D‘Pfleegeberuffer hunn also Zukunft?

Wann Dir e Beruff sicht, wou Dir sécher eng Plaz fannt, mat Mënsche schafft an dat ënnert gudde Conditiounen (Kollektivvertrag), da bitt de Pfleegesecteur fir all Qualifikatioun interessant Méiglechkeeten. 

Foto: HPPA Redange

Käschten & Ënnerstëtzung

Wéi vill kascht eng Kummer pro Mount?

Fir eng Standardkummer läit de Loyer pro Mount bei 3.002,37 €. An deem Präis si  Vollpensioun, Soins, Botzen, 24/7 Infirmerie-Garde, Gemengentaxen a Versécherung abegraff. D’Fleegeversécherung iwwerhëlt zousätzlech Fleegeprestatiounen. Käschte wéi zB. Coiffeur, extra Gedrénks, Pedikür … kommen derbäi. Wéinst Präissteigerungen op verschidden Niveau’en an deene leschte Méint wäerte mir de Loyer 2026 mussen no uewen upassen.

A wa sech een dat net leeschte kann? 

De Fonds National de Solidarité (FNS) hëlleft deene Leit déi net genuch Pensioun hunn an och weider keen Akommes oder aner finanziell Mëttel hunn. An dëse Fäll hëllefe mir de Leit och bei de Paperassen. Jidderee deen eng Krankeversécherung huet ka sech am Prinzip eng Plaz leeschten.  

Foto: HPPA Redange

Entwécklung & Projeten

 

Wat sinn aktuell Projeten?

Dat 7. Haus vum HPPA si mer amgaangen zu Äischen ze bauen, d’Aschreiwunge lafen.  

Zu Kietscht an der Gemeng Rammerech hu mer een Terrain kaaft fir eng weider Struktur.  

Mir sinn am gaangen eis Kommunikatioun ze moderniséieren (neie Logo, an neien Internet-Site zënter Juli 2025).  

Vill Energie fléisst am Moment och an d’Digitalisatioun (Fleegedokumentatioun, administrativ asw.) 

Foto: HPPA Redange

Message u Politik a Bierger

Wat fir e Message hutt Dir un d’Politik?

E grousse Merci un d’Gemengen aus dem Réidener Kanton fir déi gutt Zesummenaarbecht an den onkomplizéierte Kontakt.  

Un déi national Politik: Vergiesst de Pfleegesecteur net! Nieft dem elo scho ganz akute Personalmangel wäerten an deenen nächste Joren nach vill Infirmieren an Aide-soignanten an d’Pensioun goen, an et récke bei wäitem net genuch Jonker no. Et muss elo gehandelt ginn, fir ze vermeiden, dass mir riicht an d‘Mauer rennen.

Wat fir e Message hutt Dir un d’Lieser?

Kommt bei eis schaffen – maacht eng Demande  - www.hppa.lu/jobs

Kommt eist Haus besichen an zéckt net mat eis Kontakt opzehuelen. Schreift Iech gäre preventiv an – mir hëllefen Iech dobäi. 

Kontakt:  

HPPA Redange/Attert 
2, rue de l'Hôpital 
L-8509 Redange/Attert 
Tel : +352 2713 4000
www.hppa.lu

 

 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Senior

Aktuelle Nachrichten