
Kanton Réiden Environnement
Reewaasser-Anlag – Alles wat Dir wësse musst
25/08/2025
De Beieveräin aus dem Kanton Réiden, deen et schonn zanter 1886 gëtt, organiséiert den 19. Oktober am Atert-Lycée e grousse Beiendag. Wien hannert dem Veräi steet a wat um Beiendag gebuede gëtt, gitt Dir an dësem Interview mam Comité gewuer.
Eis Ziler si kloer: mir wëllen d’Beienzuucht fërderen an d’Biodiversitéit erhalen.
Dat geschitt duerch Ausstellungen, Referater, praktesch Schoulungen iwwer aartgerecht Beienhaltung a Beiennomëtteger, wou Neiegkeeten a Wëssen ausgetosch ginn.
Mir wëlle gläichzäiteg d’Ëffentlechkeet sensibiliséieren, wéi wichteg eng grouss Bléievillfalt fir e gesond Beievollek ass. Zu Biekerech hu mir säit 2014 e Beieléierpad.
2025 ziele mir 51 Memberen an 10 Éierememberen. Jidderee ka bäitrieden, och ouni Virkenntnesser. Schoulungen a Weiderbildungen organiséiert all Joer eise Landesverband FUAL, souwuel fir Ufänger wéi fir Fortgeschrattener.
All Insekt huet seng Plaz a seng Roll an der Natur. D’Beie sinn essenziell fir d’Bestëbsung vu Bléien a garantéieren, datt vill Planzen iwwerhaapt Friichten a Som droen. Wëllbeien ergänzen d’Hunnegbeien. Vill Aarte si wéinst hirem spezifesche Pollen op eng eenzeg Planz ugewisen. Verschwannen dës Beien, verschwannen och vill Planzen, a mat hinne vill Déieren, déi vun dëse Planze liewen. Kuerz: do, wou et vill Beie gëtt, geet et der Natur meeschtens gutt. D’Präsenz vun Hunnegbeien a Solitärbeien sinn den Indikator fir eng gesond Ëmwelt.
D’Beie brauche fir gesond ze liewen eng Villfalt u Bléiepollen. Wichteg sinn och genuch Nistplaze fir d’Insekten a e méiglechst geréngen Asaz vu Pestiziden an der Natur.
Kuerz: wat méi Bëscher, Blummewisen, Kraider- an Natur-Gäert, wat besser – dat hëlleft och villen aner Déieren.
Op eisem Beiendag, dee Sonndes, den 19. Oktober am Atert Lycée stattfënnt, ginn de ganzen Dag héichwäerteg Virträg vu renomméierte Riedner ugebueden, all op däitsch. De Programm fannt Dir op news.kanton-reiden.lu + QR CODE. D’Virträg si gratis an op fir jiddereen, an op Wonsch kann een och d‘Mëttegiesse reservéieren.
En Highlight ass och eis nei Ausstellung mat 20 Rollupen, déi unhand vu ville Fotoe vum Collette Michel d’Symbiose tëschent de Beien, dem Mënsch an der Natur erkläert. D’Ausstellung bleift eng Woch am Lycée a kann duerno vu Schoulen oder Organisatiounen ausgeléint ginn.
D‘Symbios tëschent de Beien, dem Mënsch an der Natur
Op fir de Public: 16. – 23. Oktober 2025 vun 8h00 bis 18h00 (ausser Sonndes zou)
Geféiert Visiten: Samschdes, 18. Oktober 2025 vun 9h00 – 12h00 (gratis, ouni Umeldung)
U jidderee. D’Kanner aus dem Cycle 4 an d’Schüler vum Atert-Lycée ginn invitéiert, d’Ausstellung ze besichen, op Wonsch mat enger Féierung. Och de Grand Public ass wëllkomm, an de Besuch ass gratis.
7. Wat ass Ären Haaptmessage vun der Ausstellung?
Eis Natur steet ënner Drock. Mir wëlle weisen, wéi schéin eng intakt Biodiversitéit ka sinn an de Leit vermëttelen, dass all Insekt eng wichteg Roll spillt. Besonnesch bei Jonken ass et wichteg, e gesond Naturbewosstsinn z’entwéckelen.
8. Wat wënscht Dir Iech fir d’Beien am Kanton Réiden?
Dass et de Beie gutt geet, dass si genuch Bléien a biologesch intakt Beieweede fannen. Mir géifen eis och freeën, wa méi jonk Leit sech fir d’Beienzuucht interesséieren an aktiv am Veräinsliewe matschaffen.
9. Wat sinn déi dräi wichtegst Fakten iwwer Beien?
- D’Bei ass e formidabelt Wiesen, dat et scho viru 15–20 Millioune Joer gouf an dat et ëmmer nees fäerdeg bruecht huet, sech un d’Ëmwelt unzepassen.
- Wann ee sech mat Beie beschäftegt, kritt een en déiwen Abléck an d’Zesummenhäng vun der Natur.
- Wann d’Beie verschwannen, da steet et schlecht ëm d‘Zukunft vum Mënsch: 80 % vun de Bléie sinn op Insektebestëbsung ugewisen.
Beieveräin aus dem Kanton Réiden, President Michel Collette
E-Mail: beiemich@pt.lu
Internet: www.apisredange.lu
Tel: 621 190 017
Kanton Réiden Environnement
25/08/2025
Kanton Réiden Environnement
10/07/2025
Wandpark Kanton Réiden
26/06/2025
Repair Café Kanton Réiden
04/05/2025
Fondation Hëllef fir d'Natur
13/04/2025
Kanton Réiden Environnement
03/04/2025
Kultur-Agenda
26/08/2025
Réidener Jugendtreff
26/08/2025
Club Atertdall
25/08/2025
Kanton Réiden Mobilité
25/08/2025
Gemeng Rammerich
25/08/2025
Gemeng Réiden
25/08/2025