Erënnerungen aus dem Liewen

De Léon Weyland erënnert sech

Veröffentlicht: 30/06/2025 - 15:05
Aktualisiert: 15/07/2025 - 17:42
2 Minuten
Foto: Kanton Réiden

Am Kader vun eiser neier Serie „Erënnerungen aus dem Liewen“, hu mir de Léon Weyland, Awunner aus dem Réidener Altersheem (HPPA), kennegeléiert. De Léon Weyland gehäit mat eis e kuerze Bléck op säi laangt Liewen.

De Léon Weyland ass 1935 zu Platen am ale Préizerdauler Stackhaus „A Schneidesch“ gebuer. Seng Elteren haten e Bauerenhaff. De Léon hat nach eng Schwëster an e Brudder, deen den Haff spéider iwwerholl huet. Well de Léon e begaabte Schüler war, ass hien nom Dikrecher 
Lycée an England Englesch studéiere gaangen an huet duerno bis zu senger Pensioun als Proff am Lycée  Michel Rodange geschafft. Hien huet sech 1963 mam Nicole Schlesser bestuet a si hunn zesummen 2 Kanner groussgezunn. Elo huet hien 3 Enkelkanner an 1 Urenkel. 
Och wann de Léon an d’Stad geplënnert ass, huet hien all Weekend an all Schoulvakanz a senger Heemecht am Daul verbruecht, wou hie senge Leidenschaften nogaangen ass. 

Wat sinn Är prägendst Kandheetserënnerungen?

Doheem ware mir Selbstversorger a mir hunn och all 10 Deeg eist eegent Brout gebak. Meng Groussmamm huet den Deeg gekniet a mäi Papp huet nom Uewe gekuckt. Ech hunn haut nach de Geroch vum frësche Brout an der Nues. 

Foto: Famille Weyland

Wat sinn Är prägendst Kandheetserënnerungen?

Doheem ware mir Selbstversorger a mir hunn och all 10 Deeg eist eegent Brout gebak. Meng Groussmamm huet den Deeg gekniet a mäi Papp huet nom Uewe gekuckt. Ech hunn haut nach de Geroch vum frësche Brout an der Nues. 

Wat sinn Är Hobbyen?

Wärend 50 Joer hat ech e Lous un der Roudbaach gepacht an ech sinn dacks do Forelle fësche gaang. Meng gréisste Leidenschaft war awer d’Holz: iwwer Joerzéngten hunn ech mat mengen Hänn a mat enger Dréibänk eng Heedewull u Skulpturen aus Uebstholz geschaf. Ech hunn och gär am Bësch geschafft an hunn op 2 Hektar Douglas a Fiichten ugeplanzt.Zousätzlech war ech e passionéierte Sammler vun handwierklechen a landwirtschaftleche Geräter.

Foto: Famille Weyland

Wat war de schéinste Moment bis elo an Ärem laange Liewen?

Iwwer 20 Joer hunn ech zesumme mam Jang Ney vun der Thillenvogtei um Préizerdauler Ouschtermaart Ausstellungen zum Thema Handwierk a Landwirtschaft organiséiert an ausgeschafft. Mir hunn zB de Schmadd, de Schouster, d’Brennerei, de Bësch, de Gaart, d’Wiewen an d’Spannen erkläert a mat passende Sammlungsstécker illustréiert. Ech wënsche mir, dass dat ganzt Wëssen, dat eis Virfueren iwwer Joerhonnerten entwéckelt an ëmmer rëm weider ginn hunn, net verluer geet.

Wat war e manner schéine Moment an Ärem Liewen?

Nom Krich hu mir als Kanner an engem Hiwwel eng Aart Bakuewe gebaut, an dee mir d’Munitioun, déi mir dorëmmer fonnt hunn, ragehäit hu fir se explodéieren ze loossen. Bei dëser geféierlecher Aktioun ass leider ee Bouf leie bliwwen.
Ganz schwéier war och de Verloscht vu menger Fra, déi virun dräi Joer no kuerzer Krankheet gestuerwen ass.

Foto: Famille Weyland

Wat ass Ärer Meenung no d’Geheimnis fir e laangt Liewen?

Ech mengen, dat ass zu engem groussen Deel eng Fro vu Chance. Virun 30 Joer hat ech en Häerzinfarkt, an zënter dräi Joer hunn ech Parkinson. Ech hu kee Gefill méi an de Fangeren – dat ass besonnesch schwiereg fir mech.

Wat bedeit Zefriddenheet fir Iech?

Fréier huet mir d’Schafe vu schéine Konschtwierker eng grouss Zefriddenheet ginn. Mam Alter gëtt et mir ëmmer méi bewosst, wéi wichteg eng gutt Gesondheet ass.

Mir si frou an dankbar, dass de Léon Weyland seng Liewenserfarung mat eis gedeelt huet.

Wëllt och Dir Är Liewenserënnerunge mat eis deelen? Mellt Iech ganz gär bei eis:
Syndikat Kanton Réiden
+352 28 33 4-040
magazine@kanton-reiden.lu

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Senior

Aktuelle Nachrichten