
Gemeng Biekerech
Portes Ouvertes Wandrad Biekerech den 3. Mai 2025
29/04/2025
De Josy Arens ass den 10. Dezember mat 72 Joer gestuerwen. A sengen 29 Joer un der Spëtzt vun der Grenzgemeng Atert, ass hee réischt kierzlech seng politesch Pensioun ugetrueden. Leider war him net méi vill Zäit gegënnt an heen ass kuerz drop un de Suitte vun enger Häerzoperatioun gestuerwen. Heen hannerléisst eng Fra an zwou Duechteren.
De Josy Arens kann op eng gutt gefëllte Karriär zréckkucken, souwuel um Gemenge-, wéi och um Provenz- a Federale Niveau, e war laang Joren Député fédéral an Député wallon. Bekannt als "Monsieur Luxembourg" huet hee sech iwwer Joerzéngte mat Häerz a Séil fir seng Gemeng an d'Province du Luxembourg agesat.
Ganz wichteg waren him och den Erhalt vun der Natur a vum ländleche Charakter an dowéinst war hee Grënnungsmember a Präsident bis zum Schluss vum Parc naturel de la Vallée de l'Attert. Een aner Projet op deen de Josy dierf stolz sinn ass d'Ëmsetzung vun der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht mat de Gemengen Ell, Biekerech, Réiden a Préizerdaul. 1998 huet de Josy Arens mat den deemolege Buergermeeschter vun de lëtzebuerger Partnergemengen, dem Camille Gira, Mil Calmes, Robert Roder a Marc Schmit, e Collaboratiounskontrakt ënnerschriwwen, dee bis haut weiderlieft a Form vu reegelméissege kulturellen Treffen (Festival Musique dans la Vallée, Balades transfrontalières à vélo, Balades au clair de lune,...), sportlechen Events (Fussball- & Dëschtennis- Turnéier), Treffe vu politesche Vertrieder, ...
"Pour moi personnellement, en tant que jeune conseiller communal, puis échevin et maintenant bourgmestre de la commune d'Ell, Josy a toujours été un exemple – tant comme homme politique que comme être humain. Il a mis tout son engagement, son énergie et sa détermination au service de sa commune et de notre région. Josy parlait luxembourgeois, ce qui était une véritable ouverture vers l'ensemble du Grand-Duché et facilitait grandement les discussions.
La culture, le sport, l’environnement et surtout l’agriculture ont été les piliers de notre collaboration durant ces 30 dernières années et le resteront pour l’avenir.
Merci, Josy, fir alles, wat's du fir déi ganz Regioun hei am Atertdall gemaach hues. Il y a deux semaines, nous voulions te remercier sous la forme d’un dîner en soirée avec toi. Malheureusement, ta santé ne l’a plus permis. En mars, nous nous retrouverons avec tes successeurs et nous penserons particulièrement à toi. Tu es et resteras un monument pour la commune d’Atert et ses communes voisines.
Une commune frontalière est différente des autres. Grâce à Josy, j’ai appris qu’il fallait éviter le mot “frontière”. Nous sommes des voisins et des amis. C’est maintenant à nous et à nos successeurs de préserver et de respecter l’héritage politique laissé par Josy."
Gemeng Biekerech
29/04/2025
Gemeng Useldeng
23/04/2025
Gemeng Biekerech
21/04/2025
Commune de Saeul
16/04/2025
Gemeng Rammerich
08/04/2025
Gemeng Préizerdaul
18/03/2025
Gemeng Biekerech
29/04/2025
Réidener Schwämm
25/04/2025
Gemeng Useldeng
23/04/2025
Gemeng Biekerech
21/04/2025
Projet Zäitrees
21/04/2025
Balade transfrontalière
17/04/2025