Ecole de Musique

Den Andy Loor, den neien Direkter vun der Musikschoul Kanton Réiden, stellt sech vir

Veröffentlicht: 27/11/2024 - 14:53
Aktualisiert: 02/12/2024 - 15:41
4 Minuten
Andy Lohr, Präsident der Musikschule, der eine Rede hält
Foto: Charles Reiser

Dir sidd säit Abrëll 2024 Direkter vun eiser Musikschoul. Kéint Dir Iech wgl. kuerz virstellen?

Ech sinn den Andy Loor, hu 37 Joer, si bestuet a Papp vun 3 Kanner. Gebierteg sinn ech vun der Elz bei Réiden, wunnen awer elo an der Buerschenter Gemeng.

Wat ass Äre musikalesche Parcours bis elo gewiescht?

Mäi musikalesche Parcours huet virun 30 Joer an dëser Musikschoul ugefaangen: mäin éischt Instrument war d’Perkussioun. E bëssi méi spéit ass d’Uergel derbäikomm, ech war Schüler am Ettelbrécker Conservatoire beim Carlo Hommel a Maurice Clement. Ech hunn du kuerz drop mam Gesang ugefaangen, souwuel klassesche Gesang, wéi och Chouerdirektioun. Dat ass dunn och meng grouss Leidenschaft ginn an ech hu Chouerdirektioun zu Maastricht studéiert. E Stage am Chouergenre Contemporary A Cappella an Amerika huet eng nei Welt fir mech opgemaach, wat zu engem Verdéiwungsstudium am Chant Moderne zu Kopenhagen gefouert huet. Gläichzäiteg hunn ech och d’Vocal Band crush?! gegrënnt.

Déi lescht 15 Joer hunn ech eng ganz Rei Chéier an Ensembelen hei am Land dirigéiert. An nom Studium hunn ech an der Musikschoul vum Kanton Réide moderne Gesang enseignéiert. De Moment leeden ech nach d’Chorale Municipale Sängerbond vun Dikrech.

Wat huet Iech inspiréiert, fir dës Positioun ze iwwerhuelen?

Ech kennen d’Musikschoul vum Kanton Réide säit ville Joren, a si ass mir richteg un d’Häerz gewuess. Fir mech ass et wichteg, datt eis Musikschoul eng lieweg Plaz ass, wou de Schüler am Mëttelpunkt steet. Nieft den Eenzelcoursë sollen d’Schüler nach méi Méiglechkeeten hunn, zesummen ze musizéieren, opzetrieden an dobäi Freed ze hunn. Sou kënne si hiert musikalescht Kënne verbesseren, wat ausserdeem dozou bäidréit, datt den Niveau vun eiser Schoul weiderhi klëmmt.

Wéi vill Schüler si fir dëst Schouljoer bei Iech ageschriwwen? Wéi vill Enseignanten hutt Dir?

Dëst Schouljoer hu mir 700 Schüler, déi eng Plaz bei eis kruten. Effektiv besteet eng Waardelëscht, well mir eis maximal Kapazitéit erreecht hunn. Insgesamt hu mir 35 Enseignanten an zwee administrativ Mataarbechter: eis Sekretärin, d’Mme Marie-Paule Reiser, a mäi Posten. Bemierkenswäert ass, datt mir dëst Joer méi Aschreiwungen hate wéi déi Jore virdrun.

Wat fir Coursë bitt Dir an der Réidener Musikschoul un?

Nieft dem Éveil musical (vu 5 Joer un) an der Formatioun musicale (Solfège) bidde mir eng Kanner-Chorale (fir Kanner tëscht 7 an 11 Joer) an Theaterformatioun un, souwéi eng ëmmer méi breet Pallett u Museksinstrumenter: sämtlech Blos- a Sträichinstrumenter, Piano, verschidde Gittaren, Perkussioun, Harf, Akkordeon, Uergel… Zousätzlech proposéiere mir Ensemblen, Gesangsunterrecht (modern, klassesch, barock), Dictioun an Jazz.

Wat ass nei dëst Joer?

Et si puer nei Instrumentalcoursen dëst Joer dobäikomm: Rock/Pop-Pianocoursen an akustesch Gittar. Den 29. Mäerz wäerte mir e grousse Solfège-Dag organiséieren, bei deem all d'Solfège-Schüler u verschiddene Workshops deelhuele kënnen. Zousätzlech fannen de 26. Abrëll e ganzen Dag laang verschidde Stagë statt, un deenen déi ganz Musekschoul bedeelegt ass. Owes gëtt et dann am Festsall en Ofschlossconcert, bei deem net nëmme Schüler, mee och eis Enseignanten optrieden.

Ensemble der Musikschule bei einem Konzert
Foto: Charles Reiser

Hutt Dir och Choralen an Ensembele fir Kanner?

Jo, d’Kanner-Chorale ass op fir all Kand, och fir déi, déi keng Solfège-Formatioun hunn. D’Ensembele riichte sech un all d’Schüler aus den Instrumentalklassen. Besonnesch ass och bei eis, datt d’Schüler am zweete Joer vun hirer musikalescher Formatioun eng Stonn pro Woch am Orchester matspillen.

Kann een och heiansdo Auditioune bei Iech lauschtere kommen?

D’Auditioune si fir jiddereen op. Dir fannt d’Annoncë vun eisen Auditiounen op eiser Websäit (www.emcr.lu) an op eiser Facebook-Säit. Si ginn och bei eis an der Musekschoul ugekënnegt. Heiansdo organiséiere mir och thematesch Auditiounen, wéi z. B. en Halloween-Owend oder eng Auditioun mat Disney-Filmer am Hannergrond.

An zum Schluss nach zwou méi perséinlech Froen, wat bedeit d’Musek fir Iech perséinlech?

Als Enseignant a Familljepapp gesinn ech d’Musek als e fantastescht Mëttel, fir eis Kanner vun de Bildschiermer an de soziale Medien ewechzekréien. Duerch d’Musizéiere kënne d’Kanner hir sozial Kompetenzen entwéckelen a verbesseren, a gläichzäiteg hëlleft d’Musek hinnen, hir eege Identitéit ze fannen, esou wéi si dat och bei mir erreecht huet.
Perséinlech bréngt mir d’Musek enorm vill Freed, a si beréiert mech ëmmer erëm op en Neits. Et ass mir immens wichteg, d’Musek mat aneren ze deelen, an dat ass och de Grond, firwat ech esou gären als Dirigent aktiv sinn.

Lescht Fro: Wat ass Äert Liblingsstéck / Lidd?

Ech hunn tatsächlech kee Liblingsstéck, och ni gehat. Ech lauschtere ganz verschidde Musiksrichtungen, meeschtens sou phaseweis. Déi lescht Zäit ass et ganz dacks Filmmusek.

Mir soen dem Andy Loor e ganz grousse Merci fir dëst interessant Gespréich a wënschen him vill Freed an Energie bei senger neier Funktioun an eiser Musikschoul.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kultur

Aktuelle Nachrichten