Kultur-Agenda
Agenda Juli-September 2026
30/06/2026
Do denkt een dach direkt: Wat ass dat da fir e komeschen Titel? Dat stëmmt, et ass schonn e bësse verréckt. Tëppel an Tun heescht am Original Pünktchen und Anton. Et ass e Roman, deen den Erich Kästner am Joer 1931 geschriwwen huet. Mir hunn en Theaterstéck draus gemeet.
D’Tëppel ass e Meedchen aus engem räichen Haus, säi Papp ass en Direkter a seng Mamm eng Charity Lady, déi awer ni Zäit fir hiert Kand hunn. Den Tun ass en aarme Jong, dee seng krank Mamm muss versuergen. Fir ze iwwerliewe verkeeft en nuets Schungstréckelen op der Gaass. Do léiert en d’Tëppel kennen. Well hatt ass och nuets ënnerwee. Et verkeeft Fixspéin. Net aus Nout, mee aus Langweil an och, well et sengem Kannermeedche Milka wëllt hëllefen. Dat gëtt nämlech vu senger falscher Frëndin Bella Mafiosa erpresst. Méi soe mer elo net, soss hu mer schonn déi ganz Geschicht verroden.
D’Kanner vum Schankemännchen, et sinn der 24 am Alter vu 5 bis 12 Joer, huelen iech mat op Berlin an d’Joer 1931. D’Musek gëtt live vun engem Kannerorchester gespillt, deen och de Gesank an den Danz begleet.
Produktioun: De Schankemännchen
22. / 23. / 24. / 25. Juli um 20h00
Am Prommenhaff zu Groussbus (3, rue de Bastogne)
Text: Erich Kästner
Iwwersetzung an Adaptatioun: Jemp Schuster
Musek/Arrangementer: Jemp Schuster
Regie: Clod Thommes, Michèle Turpel
Inspizienz: Claire Barbosa
Toun a Beliichtung: Amplitude
Bünebau: De Schankemännchen
Kostümer: Lina Seyler
Maquillage: De Schankemännchen
Coiffuren: Studio Creation by TC
Zeechnung a Layout: Ella Ries
Entrée: 18€ (10€ fir Kanner a Jugendlecher ënner 18 Joer)
Et spille mat: Milly Arendt; Paul Arendt; Charlie Bernard; Millie Bernard; Lex Caas; Meggie Colbach; Yannie Colbach; Léonie Deutsch; Emilie Ewert; Liz Faber; Jo Frank; Mira Marnach; Lou Martiny; Maud Martiny; Pauline Reding; Leo Reinig; Marie Rodesch; Ben Schmit; Tun Schmit; Viola Simon; Mimi Wenger Rockel; Pixie Wenger Rockel; Mina Weis; Moritz Weis.
Ënnerstëtzt vun: Œuvre Nationale, Ministère de la Culture.
Sponsoren: Husting & Reiser SA, Faber-Schleich S.A., Wiesenbach Immobilière, Temcar, Pall
A Lëtzebuerger Sprooch.
www.schankemaennchen.lu/reservatioun oder Telefon 671 222 224
Kultur-Agenda
30/06/2026
Musikschoul
18/06/2026
E Concert tëscht Klassesch a Rock
18/06/2026
Musikschoul
29/05/2026
Kultur-Agenda
27/05/2026
Commune d'Ell
22/05/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Schiefermuseum
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Club Atertdall
30/06/2026