D’Musikschoul vum Kanton Réiden – e Joer voller Entwécklung

Veröffentlicht: 18/06/2026 - 14:51
Aktualisiert: 24/06/2026 - 09:17
2 Minuten
Source: École de Musqiue du Canton de Redange

Eist Schouljoer geet lues a lues op en Enn – eng gutt Geleeënheet, fir zeréckzekucken op vill flott Momenter, awer och fir schonn no vir ze kucken. Well wann eppes eis Musikschoul auszeechent, dann ass et dëst: Mir sinn a permanenter Entwécklung. 

Réckbléck: Eng Schoul, déi wiisst a begeeschtert 

E ganz wichtege Moment an dësem Schouljoer war eis Porte ouverte de 16. Mee. Wéi schonn an de Jore virdru war och dës Editioun e grousse Succès. Vill interesséiert Familljen, Kanner a Museksfrënn hunn de Wee bei eis fonnt, fir eis Schoul méi no kennen ze léieren. 

Eis Ensembelen, eis Klassen an eis Enseignante(ë)n hu gewisen, wat eis ausmécht: Qualitéit, Engagement an d’Freed um Musek maachen. Besonnesch freet eis, dass mir vill nei Aschreiwungen hunn. Dat ass net nëmmen e schéine Succès, mee och eng Confirmatioun, dass eis Aarbecht geschätzt gëtt. 

Fir dësem konstante Wuesstem gerecht ze ginn, wäerte mir och am kommende Schouljoer nei Enseignante(ë)n astellen. Gläichzäiteg baue mir eis Offer weider aus – esou wéi et och an eiser Broschür ugekënnegt gouf. 

Nei Offer: Musek nach méi fréi erliewen 

Eng wichteg Neierung betrëfft eis jéngst Schüler*innen: ab elo kënnen d’Kanner schonn ab 4 Joer am Eveil Musical starten. Domat schafe mir eng nach méi fréi a spilleresch Approche un d’Musek, wou Lauschteren, Beweegung a Kreativitéit am Mëttelpunkt stinn. 

Aschreiwungen: 

Och wann déi offiziell Aschreiwungsphas ofgeschloss ass an déi meescht Plaze scho vergi sinn, bleiwe mir flexibel: 
Wann Dir oder Äert Kand nach interesséiert sidd, zéckt net a mellt Iech esou séier wéi méiglech un. 
Mir kucken individuell, wat nach méiglech ass. 

E Bléck no vir: E feierlechen Ofschloss vum Schouljoer 

Den 13. Juli ass e weidere wichtege Rendez-vous: eis traditionell Diplomiwwerreechung, déi dëst Joer an der Sportshal zu Biekerech stattfënnt. 

Dëst ass ëmmer e ganz besonnesche Moment am Schouljoer. Hei stinn eis Schüler*innen am Mëttelpunkt, hir Aarbecht, hir Ausdauer an hir musikalesch Entwécklung ginn hei gewierdegt. Gläichzäiteg ass et och eng schéi Geleeënheet fir eis Schoul, sech nach eng Kéier ze weisen: Eisen MKR-Orchester suergt fir de musikalesche Kader a wäert dëse festleche Moment begleeden. 

Perspektiv: Eng Schoul, déi sech weiderentwéckelt 

Nieft de ville Projeten an Aktivitéite bereede mir eis och op déi nächst grouss Etapp vir: d’Reform vun der Formation Musicale, déi an de kommende Joren ëmgesat gëtt. Mat méi Praxis, méi Gesang an enger méi lieweger Approche entsprécht dës Entwécklung genau eiser pedagogescher Visioun. 

Mir gesinn dës Verännerung als Chance, fir eis Schüler nach besser ze begleeden an hinnen eng modern, motivéierend musikalesch Ausbildung ze bidden. 

Schlussgedanken: 

D’Musikschoul vum Kanton Réiden ass eng Plaz, wou Mënsche sech entwéckelen. 
Wou een dierf ufänken. Probéieren. Fortschrëtter maachen. 

Mir freeën eis schonn elo op dat nächst Schouljoer – zesumme mat Iech. 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Freizeit & Tourismus

Aktuelle Nachrichten