Amis du Prieuré

„Les Amis du Prieuré d’Useldange“: Hir Missioun an hiert neit Buch

Veröffentlicht: 19/02/2026 - 10:16
Aktualisiert: 24/02/2026 - 11:16
3 Minuten
Foto: GMS

Wat ass d’Missioun vun Ärem Veräin?

D'Missioun vun eiser Asbl ass et, d'Awunner an d’Verwaltunge fir d'historescht a kulturellt Ierwe vun Uselding a sengen Nopeschdierfer ze sensibiliséieren. Mir organiséiere Versammlungen, Table-ronden, Konferenzen a Féierungen – ëmmer an engem gesellegen, passionéierten a komplett laizistesche Kader.

Foto: GMS

Wéi ass et zur Grënnung komm?

De gemeinsamen Interessi un der lokaler Geschicht an um Erhalt vum architektonesche Patrimoine huet eis 2020 dozou bruecht, d’Asbl ze grënnen. Am Ufank stoung d’Benediktinerklouschter – d’Prieuré (Priorat) – am Mëttelpunkt, well dësen archeologesch wäertvolle Site duerch e Bauprojet a Gefor war.

Wat mécht dëst Priorat esou speziell?

D’Klouschter gouf am 12. Joerhonnert duerch eng Schenkung vun de Schlasshäre gegrënnt a vu Benediktinerpateren aus der Bourgogne bewunnt. Nodeems de Brudder Péiter e Wonner vollbruecht hat, gouf d’Klouschter e Pilgeruert. D’Duerf huet dowéint vun engem gewësse Wuelstand profitéiert. Eng Skizz vu 1584 beweist déi aussergewéinlech Dimensioun vum Gebai. 

Foto: GMS

Wat sinn Är wichtegst Aktivitéiten a Projeten?

Als grousse Succès gëllt d’Beméiung ëm de Site vum Priorat: Dank dem onermiddlechen Asaz vun de Prioratsfrënn ass den Areal haut klasséiert, an eng detailléiert Analys vun den erhalene Gebailechkeete gouf vun den nationale Gremien duerchgefouert a finanzéiert.
Mëttlerweil si mir eng Referenz fir Chercheuren, Studenten an Institutioune ginn. 2023 gouf am Kader vum Postdoktoratsprojet Aurora op der Uni.lu, dee vun eiser Asbl gedroen a finanzéiert gëtt, mat modernste wëssenschaftleche Methoden d’Bebauungsgeschicht ëm d’Useldinger Buerg erfuerscht. Esou konnt hir Geschicht bis an hir Urspréng zeréckverfollegt ginn. Aktuell ginn och geophysesch Recherchen um Schandeler Plateau an zu Viichten duerchgefouert, wou ee réimesche Vicus (Siedlung) vermutt gëtt.

Wéi finanzéiert Dir dës Aktivitéiten?

Mat engem Joresbäitrag vun nëmmen 20 € kéinte mir dës Projeten nit eleng droen. Mir si frou iwwer d’Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, der Fondation Loutsch-Weydert, der Aureus Ars & Scientia Asbl an dem INRA. Och d’Gemeng Uselding an d‘Nopeschgemengen droen e wichtege Bäitrag dozou bäi, fir dëse gemeinsame Patrimoine ze erhalen.

Dir hutt och scho virun Ärem neie Buch Publikatiounen erausbruecht?

Et ass eist Uleies, d’Geschicht vum Duerf engem breede Public nozebréngen. Nieft reegelméissegen Artikelen an der Press hu mir d’Broschüren De Séilege Péiter vun Uselding (2022) an Useldingen – Auf den Spuren seiner Vergangenheit (2024) erausbruecht. Dës lescht Broschür gouf an Zesummenaarbecht mat de Kultur- a Buergfrënn zesummegestallt.

Wéi ass et zu Ärem neie Buch „Hexejuegd“ komm?

An der Useldinger Duerfgeschicht stécht d’Joer 1624 besonnesch ervir duerch den Hexeprozess géint d’Katrin Theis, eng traureg, awer héich interessant Säit vun der Useldinger Geschicht. Dës Geriichtsaffär gouf scho virun e puer Joer vum Jemp Schuster als Héierspill geschriwwen, an am Oktober 2024 hu mir, genee 400 Joer nom Prozess, eng Theateradaptatioun mat groussem Erfolleg op d’Bün bruecht. Dat war den Ausléiser fir d’Buch.

Wat mécht dës Geschicht esou interessant?

De komplette Geriichtsrapport vun deemools ass erhale bliwwen – eng Raritéit. Doraus ergi sech wäertvoll Ablécker an de juristeschen, politeschen a soziale Kontext vum 17. Joerhonnert, souwéi an d’Liewen an d’Duerfstruktur vun där Zäit.

Wat wëllt Dir de Lieser vermëttelen?

D’Buch wëll net nëmmen d’Fakten dokumentéieren, mee och e Gefill fir d’Zäit vermëttelen –d’Ängschten, de Glawen, d’Muechtverhältnisser. Et soll weisen, wéi esou eng Hexeverfollgung entstoe konnt a wat mir haut doraus kënne léieren.

Wou kritt een d’Buch ze kafen?

D’Buch 1624 Hexejuegd zu Uselding – De Prozess vun der Katrin Theis ass am Oktober 2025 erauskomm. Et ëmfaasst 230 Säiten, enthält vill Fotoen an Illustratiounen. 

D’Oplo ass limitéiert op 250 Exemplaren, de Präis läit bei 58 €. 

Bestellung

Bestelle kann een iwwer alwal@pt.lu an Tel. 691 63 00 44.

Wéi kann een de Veräin ënnerstëtzen?

All Interesséierten ass wëllkomm, Member ze ginn (20 € d’Joer) oder de Veräi finanziell a logistesch ze ënnerstëtzen.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kultur

Aktuelle Nachrichten