Kultur-Agenda
Februar 2026
28/01/2026
An de leschte Méint huet d’Musikschoul vum Kanton Réiden erëm op schéin Aart a Weis gewisen, wat Musek am Kär bedeit: Begeeschterung, Zesummenhalt an d’Freed, eppes zesummen ze erliewen. Kuerz gesot: et war Liewen an der Schoul.
Mam Playday den 22. November hu mir e Moment geschaf, wou et net ëm Leeschtung, mee ëm d’Freed um Musek-maache gaangen ass. Schüler aus verschiddene Klassen hu sech begéint, zesumme gespillt, gebastelt a geléiert – an dat an enger oppener, entspaanter Atmosphär. Si haten e flotte Nomëtteg wou si duerch 4 musikalech Atelieren gaange sinn.
D’Adventszäit ass duerno vu véier Chrëschtconcerten an eng sëlleg Auditioune begleet ginn, déi am ganze Kanton fir eng waarm a festlech Stëmmung gesuergt hunn.
E ganz besonnesche Moment war den Neijooschconcert vum 18 Januar. Hei hu mir mat grousser Freed dräi nei Chéier virgestallt: zwee Kannerchéier an eisen neien Erwuessenechouer. Wat do op der Bühn ze héiere war, huet iwwerzeegt: vill Energie, grouss Motivatioun bei de Schüler an Enseignanten an e Resultat, dat wäit iwwer d’Erwaardunge gaangen ass. Et war kloer ze spieren: hei entsteet eppes Neies, eppes Lieweches– e richtegt Gemeinschaftsgefill duerch Gesang.
Dës positiv Dynamik wëlle mir bewosst weiderféieren. D’Aschreiwunge fir eis Chéier sinn nach ëmmer op, a jidderee mat Freed um Gesang ass häerzlech wëllkomm:
Egal ob jonk oder erwuesse, mat vill oder wéineg Erfarung – et geet drëm, seng Stëmm ze entdecken, zesummen ze kléngen an Deel vun enger Grupp ze sinn.
De 14. Mäerz kucke mir no vir op eng nei Etapp: eng “Journée chant choral” fir all Schüler*innen aus der Formation Musicale. Dëse Nomëtteg steet ganz am Zeeche vum Gesang, vum Spill an der Freed. Ouni Drock, mee mat vill Beweegung, Lauschteren an Experimentéieren – eng Erfarung, déi d’Stëmm an d’Musikalitéit op eng spilleresch Aart an de Mëttelpunkt stellt.
Och op nationalem Niveau beweegt sech eppes Grondsätzleches : wéi vum Ministère ugekënnegt, gëtt d’Formation Musicale (FM) ab dem Schouljoer 2026/2027 grondsätzlech reforméiert. Dës Reform setzt kloer Akzenter: méi Praxis, méi Gesang, méi kierperlech Erfarung vun der Musek. D’Stëmm, als Instrument, ass en natierleche Wee, fir Rhythmus, Melodie a Musikalitéit fréi ze entwéckelen.
Am Zentrum vun der neier Approche steet d’Iwwerzeegung, dass Musek net als theoretescht Fach geléiert, mee als Erfarung gelieft soll ginn. Gesang, Beweegung, Lauschteren an Zesummespill ginn dofir nach méi staark an de pedagogesche Mëttelpunkt geréckelt.
Strukturell gesäit d’Reform e fënnefjäregen “Tronc commun” (FM1 bis FM5) vir, zougänglech ab dem Alter vu 6 Joer. An dëser Phas kréien all Schüler*innen eng gemeinsam, zolidd musikalesch Grondausbildung, déi net nëmme Wëssen, mee virun allem Kompetenzen entwéckelt: lauschteren, reagéieren, zesummespillen, sangen an sech ausdrécken. Dëst schaaft eng stabil Basis – egal ob d’Kand sech spéider fir eng instrumental, vokal oder theoretesch Weiderféierung entscheet.
Eng weider wichteg Neierung betrëfft d’Bewäertung. An Zukunft gëtt nëmmen nach een Examen virun engem Jury organiséiert. Gläichzäiteg kritt d’kontinuéierlech Evaluatioun iwwert d’ganzt Schouljoer e vill méi grousst Gewiicht. Dëst bedeit: d’Entwécklung vum Kand, säin Engagement an de reegelméissege Fortschrëtt ginn nach méi fair a realistesch bewäert – a manner Drock läit op engem eenzegen Testmoment.
Fir dës Reform nohalteg ëmzesetzen, ginn och nei pedagogesch Materialie (ënner anerem moderniséiert Léierbicher) agefouert, souwéi gezielte Formatiounen a Begleedungen fir d’Enseignanten.
Fir d’Musikschoul vum Kanton Réiden ass dës Reform eng Chance. Vill vun de Prinzipien – wéi d’Bedeitung vum Gesang, d’Aarbecht an der Grupp an eng lieweg, praxisno Approche – liewe mir schonn haut. Besonnesch d’Entwécklung vun eise Chéier a gemeinschaftleche Projeten weist, dass mir pedagogesch um Puls vun der Zäit sinn.
Mir gesinn d’Reform dofir net als Broch, mee als logesch Weiderentwécklung, déi eis bestäerkt an eis Aarbecht nach méi kloer an nohalteg mécht – am Déngscht vun de Kanner, de Jugendlechen an all deenen, déi Musek als Deel vun hirem Liewe wëllen erliewen.
Wat mir an de leschte Méint an der Musikschoul erlieft hunn, weist: mir sinn um richtege Wee. Mat vill Engagement, mat neie Projeten – besonnesch am Chouerberäich – an engem kloere Bléck no vir. Musek verbënnt, stäerkt a mécht Freed.
Mir freeën eis, dëse Wee mat iech zesumme weiderzegoen.
Ecole de Musique du Canton de Redange
www.emcr.lu
info@emcr.lu
T. 23 62 08 76
Kultur-Agenda
28/01/2026
Kultur-Agenda
29/12/2025
Kultur-Agenda
27/11/2025
Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen vu Viichten
27/11/2025
Foulschter Gesank
24/11/2025
Kultur-Agenda
28/10/2025
Leader Wëlle Westen
03/02/2026
Gemeng Useldeng
02/02/2026
Kultur-Agenda
28/01/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/01/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
26/01/2026
Kanton Réiden Environnement
26/01/2026