Kultur-Agenda
Dezember 2025 - Januar 2026
27/11/2025
1884 als Männergesank gegrënnt, zielt de Veräin haut 35 aktiv Sängerinnen a Sänger tëscht 13 a 78 Joer. D’Direktioun läit zanter 20 Joer an den engagéierten Hänn vun der Claire Garçon-Wio, an de Pol Wio begleet de Chouer zanter 30 Joer op der Uergel.
Mir prouwen all Freideg, a viru Concerten och mëttwochs an eisem frësch renovéierte Gesankssall, beim Centre culturel zu Foulscht.
Laang war eise Gesank e renge Kierchechouer. Wéi et zu Foulscht ëmmer manner Déngschter gouf, hu mir 2011 ugefaangen och weltlech Concerten ze sangen. Haut reecht eise Repertoire vu klassesche Wierker (wéi dem Messias vum Händel oder Mozart) iwwer Musical a Gospel bis afrikanesch Lidder, Schlager, Rock a Pop.
Eis Concerte fannen haaptsächlech zu Foulscht statt, mee mir triede reegelméisseg am ganze Land op an och am Ausland. En Highlight war 2012 de Concert national vum Piusverband am Conservatoire. An de leschte Joren hu mir mat groussen Orchesteren, wéi der Diddelenger Stadmusek an dem Orchestre Philharmonique Thionville, zesummegeschafft.
Jo, all Joer fir de weltleche Concert prouft eis Dirigentin Extraiten aus engem Musical mat de Kanner an. D’Kanner si sou begeeschtert, datt si et kaum erwaarde kënnen, bis et nees lassgeet.
Onvergiesslech bleiwen eis Optrëtter an der Philharmonie, als klengen Duerfveräin ass et scho ganz extra do dierfen ze sangen. Mee och eisen 125. Anniversairesconcert mat Auszich aus dem Messias vum Händel an d'Johannespassioun ware ganz besonnesch.
Jo, mir sinn ëmmer op der Sich, besonnesch Alt- a Männerstëmmen, mee och Soprane si wëllkomm. Nouteliesen ass keng Viraussetzung – a mir freeën eis och op Jonker!
D’Membere schätzen déi gutt Stëmmung, déi gemeinsam Freed um Sangen an d’Frëndschaften, déi am Veräin entstane sinn. No de Prouwe gëtt dacks nach e Patt gedronk, gepotert a gelaacht.
No enger intensiver Saison 2025, déi de Chrëschtconcert den 21. Dezember zu Foulscht ofschléisst, si schonn eng Parti Optrëtter geplangt. Ufanks 2026 invitéiere mir op eng Porte ouverte an eisem neie Sall mat „offener Prouf”, wou jiddereen aus der Ëmgéigend mat eis zesumme ka sange kommen. Avis aux intéressés!
Kontakt : Foulschter Gesank asbl.
+352 691 566 732
chorale@foulschtergesank.lu
https://www.facebook.com/foulschtergesank
foulschtergesank.lu
Kultur-Agenda
27/11/2025
Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen vu Viichten
27/11/2025
Kultur-Agenda
28/10/2025
Kultur-Agenda
03/10/2025
Kultur-Agenda
26/08/2025
Musique dans la Vallée
18/08/2025
Chrëschtmäert-Agenda
28/10/2025
Kanton Réiden
27/10/2025
Kultur-Agenda
27/11/2025
Gemeng Biekerech
27/11/2025
Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen vu Viichten
27/11/2025
Repair Café
27/11/2025