Schankemännchen
Theater fir Kanner - Schankemännchen 2026 - vum 22 bis den 25. Juli
30/06/2026
De Festival Musique dans la Vallée gëtt am Kader vun der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht tëscht der belscher Gemeng Attert an de lëtzebuergesche Gemenge Beckerich, Ell, Préizerdaul a Réiden organiséiert a bitt och dëst Joër e räiche musikalesche Programm.
Op der musikalescher Rees Et in terra pax gëtt virun allem Musek aus der Barockzäit, mat Wierker vu Charpentier, Pachelbel an och Arvo Pärt sengem Da Pacem Domine gespillt. Dëse Concert ass e Projet vun der Académie d‘Arlon zesumme mat de Chanteurs d’Ermesinde an enger musikalescher Begleedung (Gei, Cello, Flütt, Basso continuo an Uergel).
De belschen Ensemble Revue Blanche (Sopran, Flütt, Harp an Alto) bréngt e Programm zu Éiere vum Maurice Ravel, deem seng 150 Joer Gebuertsdag gefeiert ginn: Ma mère l’Oye, Le Tombeau de Couperin, griichesch Vollekslidder an nach vill méi.
Samschdeg, 13. September um 20 Auer an der Kierch zu Réiden
Den Ensemble Aïlack (zwee Tenoren, e Bariton an eng Bass-Stëmm) hëlt de Publikum mat op eng Rees duerch d’Däller an d’Bierger vun Osteuropa – vu Bulgarien bis Georgien – mat engem faszinéierende Repertoire aus verschiddene Joerhonnerten. Dobäi gi se vu spezielle Museksinstrumenter begleet, wéi Zither, Chanzy a verschidden Trommelen.
De belgen Orchester vun der Fondation Baron Arthur Grumiaux spillt zesumme mat der Solistin Cécile Lastchenko an der Cellistin Stéphanie Huang (Gewënnerin vum Concours Reine Elisabeth 2022). Um Programm: Respighi seng Il Tramonto, Schumann säi Concerto fir Violoncelle an Orchester a Dvořák seng beléifte Sérénade fir Sträicher.
De Schlussconcert mam Ensemble vocal du Luxembourg an dem Orchester l’Arpa Festante ënnert der Direktioun vum Matthias Rajczyk. Um Programm: Passio secundum Joannem an Auszich aus Responsori per la Settimana Santa vum Alessandro Scarlatti, zu sengem 300. Doudesdag.
0032 63 22 78 55
musique.vallee@attert.be
00 352 26 66 9 100 (de 8 à 12h)
www.aupaysdelattert.be/festival
Schankemännchen
30/06/2026
Kultur-Agenda
30/06/2026
Musikschoul
18/06/2026
E Concert tëscht Klassesch a Rock
18/06/2026
Musikschoul
29/05/2026
Kultur-Agenda
27/05/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026