
Musikschoul
Porte ouverte vun der Museksschoul vum Kanton Réiden den 14. Juni 2025 an Aschreiwungen 2025/2026
02/06/2025
D’Schankemännchen asbl präsentéiert fir déi 17. Kéier e Fräiliicht-Theaterspektakel am Prommenhaff zu Groussbus.
Op 8 Owender am Juli (de 17. / 18. / 19. / 22. / 23. / 24. / 25. / 26. Juli) gëtt d’Stéck „Bei der Däiwel“ all Kéier ëm 21h00 gespillt.
D’Entréestickete si séier fort, dofir maacht Iech séier bäi (Tel. 671 222 224)!
Eis Theaterstéck dëst Joer heescht: BEI DER DÄIWEL. De Jemp Schuster huet dës Tragikomödie geschriwwen, no Fragmenter aus zwee Stécker vum Ödön von Horváth: Himmelwärts a Glaube Liebe Hoffung.
E jonkt Meedchen, deem säi Papp an der Häll sëtzt a seng Mamm elo just am Himmel ukomm ass, sicht en Engagement un der Oper. Et ass iwwerzeegt, datt et dofir gebuer ass, et huet schliisslech e wonnerbare Koloratursopran. Well et awer keng Protektioun huet an ëmmer erëm ofgewise gëtt, ënnerschreift et e Kontrakt mam Däiwel, deen him säi Wonsch erfëllt. Natierlech geet dat schif.
Den Horváth huet déi zwee Stécker an de Joren 1932 an 1934 geschriwwen, an enger Zäit, wou d‘Welt ugefaangen huet aus de Fouen ze fueren. Seng Stécker sinn an den 1930er Jore verbuede ginn an hien huet missen an den Exil goen, well en am Nazi-Däitschland verfollegt ginn ass. En ass 1938, op eng tragesch Manéier, zu Paräis ëm d’Liewe komm.
Haut si mer erëm an enger änlecher Situatioun. Wann s de géint déi rietsextreem Stréimunge schwëmms, muss de vill Dreck schlécken an awer ass et wichteg net ënnerzedauchen, mee an där toxescher Weltonuerdnung de Kapp iwwer Waasser ze halen.
Et stinn 29 Leit, tëschent 13 an 73 Joer, op der Fräiliichtbün. 22 vun hinne sinn aus dem Kanton. Hannendrun a ronderëm nach eng Kéier gutt 50 Leit.
Mir riichten eis Bün selwer op, mat elauter Memberen aus dem Schankemännchen, déi dat schonn e puer Joer laang maachen an deenen et gutt vun der Hand geet.
De Catering am Prommenhaff ass vun 19:30 Auer un op. D’Virstellung fänkt ëm 21:00 Auer un an dauert ongeféier 100 Minutten ouni Paus.
Mir spille bei all Wieder, well egal wéi: Et geet „Bei der Däiwel“. Dat hei ass déi 17. Produktioun dobausse bannt 32 Joer. Dat ware bis elo 110 Virstellungen. Et ass nach keng ausgefall, héchstens emol wéinst engem Donnerwieder ënnerbrach oder méi spéit ugefaange ginn.
Am beschten Dir rufft oder schreift eng SMS op 671 222 224.
Musikschoul
02/06/2025
Kultur-Agenda
28/05/2025
Gemeng Ell
28/05/2025
Musée de l'Ardoise
06/05/2025
Kultur-Agenda
30/04/2025
Musée de l'Ardoise
03/04/2025
Kanton Réiden Tourisme
27/05/2025
Musikschoul
02/06/2025
Vallée de l'Attert
02/06/2025
Réidener Schwämm
30/05/2025
Projet Zäitrees
30/05/2025
Kultur-Agenda
28/05/2025