Gemeng Ell

Festiv’Ell: Zu Ell gëtt d’Fête de la Musique den 21. Juni 2025 gefeiert

Veröffentlicht: 28/05/2025 - 12:06
Aktualisiert: 28/05/2025 - 12:13
2 Minuten
Foto: Syndicat d’Initiative Ell

Geschwënn ass et nees esou wäit: den 21. Juni organiséiert de Syndicat d’Initiative Ell zu Ell op der Duerfplaz an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Ell, de Clubs des Jeunes Ell a Kolpech, der Amicale vun de Pompjeeë Gemeng Ell mëttlerweil déi véierte Kéier de Festiv’Ell, d’Fête de la Musique, DE Festival am Wëlle Westen.  

De Line up ass komplett an och dëst Joer ginn är Oueren nees mat engem ganz villfältegem Choix vu Musek verwinnt. 8 verschidde Bands suergen dëst Joer dofir, dass sécher kee vun eise Visiteure roueg stoe bleift.

Déi vill Benevolle schaffen zanter Méint drun, fir de klenge sympathesche Festival op d'Been ze stellen.

Foto: Syndicat d’Initiative Ell

De Line up ass komplett an och dëst Joer ginn är Oueren nees mat engem ganz villfältegem Choix vu Musek verwinnt. 8 verschidde Bands suergen dëst Joer dofir, dass sécher kee vun eise Visiteure roueg stoe bleift. Déi vill Benevolle schaffen zanter Méint drun, fir de klenge sympathesche Festival op d'Been ze stellen. 

Egal op Soul, Funk an Disco vun de SoulCookies, Rock, Hardrock oder Metal vu 7Last, Reggae vu Road to Zion, eritreeëschen Danz, sozialkritesch Lidder vun En Roux Libres, Alternative Rock vun Invigora, Rock a Metal vu Godsub oder den Headliner KermesZ à l’Est mat hirer extatescher Büneshow, Balkan Beats a free-jazz, jidderee wäert hei eppes fir sech fannen.

Loosst iech dëse flotte kulturellen Evenement, mat lokalem Charme, Lëtzebuerger an internationalen Artisten a mat engem grousse Wäert op Nohaltegkeet (z.B. Upcycling fir d’Deko, kee Plastik, biologescht, saisonaalt an/oder regionaalt Iessen a Gedrénks etc.) net entgoen!

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kultur

Aktuelle Nachrichten