Musikschoul
Dräi musikalesch Rendez-vousen
25/09/2026
Koll an Aktioun gëtt vun der Kollibri a.s.b.l. um historesche Site vum Schifermusée zu Uewermaartel organiséiert. Zanter der éischter Editioun am Joer 2014 zielt de Festival bis zu 3.000 Visiteuren iwwert de Péngschtweekend.
Dëse multidimensionalen a participative Festival bitt e faarwegen a villsäitege Programm mat Musek, Stroossekonscht, engem lokale Maart, Ausstellung, Atelieren a Gastronomie. Fir all Goût ass eppes dobäi, a gläichzäiteg sti Prinzippie wéi Nohaltegkeet, Geschlechtergläichheet an d’Kreeslafwirtschaft am Mëttelpunkt.
anter dem Ufank setzt Koll an Aktioun sech fir e regionalen, zougängleche Festival fir all Mënsch an. Dofir gouf eng präisbewosst a fair Tarifpolitik entwéckelt.
Mam Prinzip "Bezuel wat’s de kanns", kombinéiert mat engem Minimumspräis, gëtt et de Leit, déi méi finanziell Mëttel hunn, d’Méiglechkeet, anere méi manner bemëttelten den Zougang zum Festival z’erméiglechen.
Zousätzlech gëtt et och eng reduzéiert Entrée iwwer de Kulturpass. Als familljefrëndleche Festival ass den Entrée fir Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer gratis.
Genéisst Iessen, Gedrénks, Konscht a Maart – ganz ouni Ticket!
Musikschoul
25/09/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026
Kultur-Agenda
21/08/2026
Musique dans la Vallée
14/08/2026
Musikschoul
14/08/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026