Musikschoul
Dräi musikalesch Rendez-vousen
25/09/2026
Den Theatergrupp TheAtert aus dem Atert Lycée Réiden, deen zanter 2019 mat groussem Succès aktiv ass, presentéiert dëst Joer dem Molière säi Klassiker „De Malade imaginär“ op Lëtzebuergesch! No eisen erfollegräiche Produktioune vun „Der Besuch der alten Dame“, „Die Physiker“, „The Mousetrap“ an „D'Müller muss fort“ invitéiere mir iech nees op en onvergiesslecht Theatererliefnis.
D'Stéck erzielt mat Humor a Satir d'Geschicht vum Argan, engem Mann, deen sech aus Angscht viru Krankheete ganz an d'Hänn vu senge Scharlatan-Doktere begëtt. Seng besuergt Famill a Frënn versichen hie mat Tricks vun dëser Obsessioun ze befreien. Eng zäitlos Komedie iwwert déi mënschlech Schwächten, déi sécherlech fir vill Laache wäert suergen!
D'Opféierunge fannen den 2. a 3. Mee 2025 um 19 Auer am Festsall vum Atert Lycée statt.
Dës Produktioun ass Deel vun eiser Talentfërderung “ALR Talents” fir Schüler a Schülerinne vun der 4e un, déi mat Leidenschaft a Begeeschterung um Projet matwierken. Kommt laanscht a losst Iech vun eiser jonk-dynamescher Ekipp verzauberen!
Et spille mat: Leonor Alves Rios, Lara Da Silva, Marylène Deltgen, Sophie Fessaguet, Betty Goerens, Sam Gringmuth, Lisa Jans, Liz Jungblut, Liz Lanners, Noémie Less, Nami Loutsch Giannico, Jil Manderscheid, Pascale Mayers, Mara Reuter, Lirina Rigot a Jenny Zeimes.
Regie: Cathy Faltz a Carole Matgen, mat der Ënnerstëtzung vum Alain Adams.
Tickete kënnt dir reservéieren op theater.alr@gmail.com. Mir freeën eis op äre Besuch!
Musikschoul
25/09/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026
Kultur-Agenda
21/08/2026
Musique dans la Vallée
14/08/2026
Musikschoul
14/08/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026