Schankemännchen
Theater fir Kanner - Schankemännchen 2026 - vum 22 bis den 25. Juli
30/06/2026
Hues du Loscht, denger Kreativitéit fräie Laf ze loossen? Da maach mat bei eisem Concours, deen op ass fir jiddereen – Grupp, Schoulklass oder individuell - an an eisem Kanton wunnt!
Déi éischt Editioun vun dësem Concours gëtt an Zesummenaarbecht tëscht der Kulturkommissioun vun der Gemeng Biekerech, der Kulturmillen a.s.b.l. an der Gemeng Biekerech organiséiert an zielt virun allem dorop of, déi lokal Konscht ze fërderen.
D’Iddi ass, dass däi Projet sech an eise kulturell räiche Patrimoine integréiert – sief et duerch säin historeschen, regionalen oder lokale Charakter. Wat eise Patrimoine genee ausmécht a wéi d’Kënschtler sech domat identifizéieren, ass komplett oppen – an aner Wieder: et gi keng Grenze fir deng Kreativitéit!
Kontakt: Schéckt är Propositiounen oder Froen zum Concours un: kulturkommissioun@beckerich.lu
D’Kulturkommissioun vergëtt 500 EUR/BEKI un den ausgewielten Kënschtler.
E Vernissage gëtt fir den ausgewielte Kënschtler an der Millen zu Biekerech organiséiert. De Gewënner gëtt och bei de Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag geéiert.
Maach mat a feier d’Kultur an déi lokal Konscht!
Sief kreativ a inspiréier eis!
Schankemännchen
30/06/2026
Kultur-Agenda
30/06/2026
Musikschoul
18/06/2026
E Concert tëscht Klassesch a Rock
18/06/2026
Musikschoul
29/05/2026
Kultur-Agenda
27/05/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026