
Schifermusée
EXPO QUINQUE am Schifermusée
03/04/2025
De Paul Hirtz ass plëtzlech op Chrëschtdag am Alter vun 93 Joer am Krees vu senger Famill vun eis gaangen.
De Paul Hirtz war en aussergewéinleche Mënsch, dee säi Liewe senger Leidenschaft als Musiker, Dirigent a Familljepapp gewidmet huet. Hien ass den 23. Mee 1931 zu Péiteng gebuer an huet scho fréi seng Léift fir d’Musik entdeckt. Mat enger exzeptioneller Begabung huet hien um Conservatoire de "Prix de Capacité" mat Grande Distinction an de Fächer Saxophon a Klarinette ofgeschloss. Seng Passioun huet hien net nëmme professionell als MilitärMusiker ausgeüübt, mee och als Dirigent a Solist.
De Paul huet sech ëmmer mat groussem Engagement an der Gemeinschaft abruecht. Wärend Joerzéngten huet hien d’Musiksgesellschaften zu Ëlwen an uschléissend zu Sëll geleet, déi hien zu enger moderner Musik mat enger grousser Zuel vu Jonke Musikanten entwéckelt huet. 1977 huet hien d’Musiksschoul am Kanton Réiden gegrënnt a se wärend 17 Joer als Direkter mat Häerz a Séil gefouert. Hien hat eng bewonnerenswäert Gedold mat de Kanner. Hien huet si mat senger roueger Art berouegt, besonnesch wann de Stress virun den Examen héich war, an huet mat onermiddlechem Engagement säi Bescht ginn, fir hinnen d’Freed un der Musik ze vermëttelen. Den Här Hirtz huet seng Missioun an der Musiksschoul mat vollem Asaz erfëllt, d’Geschécker mat vill Diplomatie geleet an ass als gudden a rouege Patron vu jidderengem respektéiert ginn.
A sengem Privatliewe war de Paul e virbildleche Familljemënsch. Hien huet seng Fra, d’Marie-Thérèse, kennegeléiert, wéi hie mat sengem Ensembel DanzMusik gespillt huet. Mat hir huet hien eng staark a glécklech Partnerschaft gehat, déi sech iwwer 68 Joer Bestietnis erstreckt huet. Seng Léift zur Natur huet hien zesumme mat senger Fra wärend senger Pensioun ausgeliewt, besonnesch duerch d‘Betreiung vum Gaart a Bëschgeheeg.
De Paul Hirtz säi Liewe war gepräägt vu Léift, Engagement a Respekt. Mir drécken der Famill eist déifst Matgefill aus a sinn immens dankbar, fir alles wat hee fir d’Musikswelt an eisem Kanton geleescht huet. Mir behalen heen als häerzensgudden an noble Mënsch a beschter Erënnerung a wäerte säi léift Laachen, seng Gedold, seng Guttmiddegkeet a seng Begeeschterung fir d’Musik an eisen Häerzer weiderdroen.
Text vum Albertine Boonen-Hemmer aus der Begriefnismass
Schifermusée
03/04/2025
Musikschoul
03/04/2025
Kultur-Agenda
26/03/2025
Atert Lycée Réiden
25/03/2025
Kultur-Agenda
28/02/2025
Kulturmillen
24/02/2025
Gemeng Biekerech
29/04/2025
Réidener Schwämm
25/04/2025
Gemeng Useldeng
23/04/2025
Gemeng Biekerech
21/04/2025
Projet Zäitrees
21/04/2025
Balade transfrontalière
17/04/2025