Musikschoul
Dräi musikalesch Rendez-vousen
25/09/2026
Bei Geleeënheet vum 400. Joresdag vum Hexeprozess géint d‘Katrin Theis zu Uselding koum d’Iddi op, fir dat, wat deemools geschitt ass, erëm lieweg ginn ze loossen. Zesumme mat den „Les Amis du Prieuré“ haten „d’Kultur- a Buergfrënn“ eng „Hexewoch“ vum 17. bis den 20. Oktober 2024 mat engem interessante Programm organiséiert.
An zwou gutt besichte Konferenzen, enger vun der Madamm Nicole Brix zum Thema: Krötenschleim und Spinnenbein. Der Mythos „Hexen“: Echte Magie oder Aberglaube?, an enger vum Här Jean-Claude Muller zum Thema Eng „Hex" am Duerf viru 400 Joer – den Useldenger Prozess géint d'Theis Trein als Text a sengem Kontext, konnt ee méi iwwert déi historesch Situatioun vun deemools am Duerf gewuer ginn.
Bei enger Ausstellung zum Thema Hexen an Henker, mam Henker Schächtle vu Konstanz a senger Fra, konnten d’Leit sech ee Bild vun de Folterinstrumenter am Mëttelalter maachen.
Besonnesch ervirzehiewen ass awer och déi interessant Ausstellung vun de Kanner aus der Grondschoul mat hiren Iwwerleeungen zum Thema Hexen. Heibäi hunn d’Kanner duergestallt, dass et esou Situatiounen och haut nach gëtt. Et ass de Kanner bewosst ginn, dass Mobbing an Ausgrenzung vun aneren déi heiteg Manéier vun Hexeverfollgung ass.
Héichpunkt vun deem Weekend war d‘Opféierung vum Hexeprozess vum Katrin Theis, inspiréiert un engem Theaterstéck vum Här Jemp Schuster, an dem originale Prozessakt. D’Madamm Ginette Nierenhausen hat de Skript fir dës Opféierung gemaach an huet zesumme mat der Madamm Stephi Reichert d’Regie iwwerholl. 22 Acteuren aus der Gemeng hunn op eng formidabel Aart a Weis d’Zuschauer den Hexeprozess aus dem Joer 1624 erliewe gelooss.
Esouwuel samschdes owes wéi och sonndes nomëttes war de Festsall am Centre Culturel zu Useldeng ausverkaaft. D’Begeeschterung vun de Leit, déi kucke komm waren, wéi och vun den Acteure war grouss an et gouf vill Luef fir d’Organisateuren.
D’Iwwerdroung vun der Situatioun vun deemools an eis Zäit bei der Schlusszeen an där d’Kand seng Mamm gefrot huet: „Gell Mamma, haut ginn awer keng Leit méi als Hexe verfollegt?“ an der Mamm hier Äntwert: „Nee, mäi Kand, haut sinn d’Leit net méi wéi deemools“, huet äis alleguer zum Nodenke bruecht. ODER?
Musikschoul
25/09/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026
Kultur-Agenda
21/08/2026
Musique dans la Vallée
14/08/2026
Musikschoul
14/08/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026